Warning: Creating default object from empty value in /home/www/web1190/web1190u1/html/Main/plugins/system/modulesanywhere/helper.php on line 394 Geschicht vum CDJ

Den beschten Jugendclub am Land !

Den beschten Jugendclub am Land !



Fräeschebal 2015 mam Fausti ?
 
Geschicht vum CDJ PDF Drucken E-Mail

 

 

Grënnung an Ufanksjären vum Club des Jeunes

 

Ët sin lo méi wéi 30 Jär hier, datt den Club des Jeunes Bettenduerf vun en puer jonken Léit an d'Liewen geruff gouf.

D'Grënnungsversammlung war den 21. März 1972. Schon demols gouf sech d'Ziel gesaat, fir "Komerodschaft vun der Jugend am Duerf, mä och an der Ëmgéigend ze förderen, an d'Unzéiungs-kraaft vun eiser Géigend durch geegend Manifestatiounen ze vergréisseren".

Sou as et nët verwonnerlëch, dass den Club des Jeunes schon an sengen Ufanksjären eng ganz Partie Aktivitéiten opzeweisen haat. Als Member vun der FLMP (Férdération luxembourgoise de marche populaire) huet en Wanderungen hei zu Bettenduerf organiséiert.

Fir en besonnechen Héichpunkt am demolegen Manifestatiouns-kalenner huet den Club des Jeunes awer wuel mat senger Cavalcade gesuegt, déi ëmmer op Fuesméindeg duerch Duerf gezunn as.

Fuesspiller 1984

Dës Cavalcade as awer no e puer Jär vun den "Fuesspiller", bäi denen d'Duerfveräiner géinteneen ugetrueden sin, ofgeléist gin.

Niewt enger Partie Baler, déi zu där Zäit ofgehaalen goufen, fir dem Club seng finanziell Laag ze secheren, as schon demols den Brauch opkomm, fir mam Kleeschen bäi déi eler Lëtt ze goen. Doniewt gouf den Fakelzug agefouert, an d'Mekranzfeir op dem 1. Mee ass rëm opgegraff gin.

Mam  Kleeschen um Tour (03+04.12.1979)

Fakelzug (22.06.1979)

1.  Mee  1973

1.  Mee  1973

 

Mä wéi iwerall, gët et och an éisem Veräin net nëmmen schéin Momenter. Heiansdo kënnt ët zu Streidereien, an sou huet och den Club des Jeunes seng Héichten an seng Déiften erliewt. Den trauregsten Moment war wuel am Jaar 1977, wou den Club op sengem déifsten Punkt war, an kurz virun der Opléisung stung. Neien Initiativgeescht awer huet den Club rëm zum Liewen erwächt, an et as och geschwënn rëm de Bierg op gangen.

Eisen Veräin war och zesummen mat 38 aneren Veräiner un der Grënnung vum "Daachverband vun den Lëtzebuerger Jugendklibb a.s.b.l." bedeelegt. De Grondsteen fir dësen Veräin gouf den 21. September 1996 op der Grënnungsversammlung zu Ierpeldeng/Ettelbreck geluegt.

Op der Generalversammlung den 12. Januar 2002 sin déi aktuell Satuten nei gestemmt, an den Veräin ass an eng ASBL ëmgedeeft gin.




Den Club des Jeunes am Alldag

 

Haut si mir frou, eis regelmässeg Freidës an Samsdës an eisem Clubsall treffen ze können, fir éis Fräizäit, mä awer och eis Aktivitéiten ze plangen, well fréier, wéi den Club des Jeunes nach kee Sall vun der Gemeng zur Verfügung gestallt krut, war d'Clublokal ëmmer an engem vun den Duerfcaféen.

Eisen  renovéierten Sall (2000)

Eisen  renovéierten Sall (2000)

Eisen  renovéierten Sall (2000)

Eisen  renovéierten Sall (2000)

Haut huet den Club des Jeunes ongeféier 70 Memberen, déi  tëschend 15 an 35 Jär hun, an déi nët bestued sin. Haut sin ët bal 45% vun hinnen, déi nët méi an der Gemeng Bettenduerf wunnen an den Duerschnëttsalter vun den Veräinsmemberen läit bäi ongeféier 22 Jär.

Dirigéiert gët den Veräin vun engem Comité, deen sech aus 9 Memberen zesummensetzt. E Comitésmember gët op der Generalversammlung fir 2 Jär gewielt, an därf eng Charge am Comité iwwerhuelen.

An all denen Jären huet den Club des Jeunes et awer verstanen sëch fir d'Jugend, mä awer och fir d'Allgemengheet am Duerf anzesetzen. Vill vun denen ursprünglechen Aktivitéiten konnten iwwert d'Jären bäibehaalen gin, aner goufen weider ausgebaut an besonnesch an denen leschten Jären sin der e puer neier derbäikomm. Regelmässeg iwert d'Jär verdeelt, weisen sie op wéi eng Art a Weis den Club des Jeunes Liewen an d'Duerf an an seng Ëmgéigend brengt.




D'Aktivitéiten während dem Jär

 

Eis éischt grouss Manifestatioun no der Generalversammlung am Januar ass während der Fuesend, wou mir ee vun dene gréisste Baler aus dem Norden organiséiren.


De Fräschebal haat kleng ugefaang. Am Jär 1992 wär et en onbekannten Orchester, de versicht huet an der halwer Hal Fuesstëmmung ze maachen. Spéider waren sie ënner dem Numm Awacs bekannt an hun laang Zäit wuel zu engem vun dene populärsten Orchestren am ganze Land gezielt. Oofgeléist guffen sie 2004 vu Peenuts die et 2005 och nach eng Kéier probéiert hun. 2006 dierfen d'Gummibären de Bettenduerfer Fuesboke weisen wat sie drop hun.

Fräschebal 2002

Och de Bal u sëch as vill méi grouss gin; d'Sportshal alleng as lues awer sëcher ze kleng gin, sou daat mir op en Zelt hu missen zréckgräifen. Ab 1996 guff dunn dee ganzen Schoulhaff matbäi geholl. Seecherheetsmängel vun der Hal hun eis 2002 gezwongen kuerzäiteg bei d'Sauer op een grousst Zelt auszeweichen. Aus Käschtengrenn haaten mir eis daat Joer entschloss fir um Fuesméinden direkt nach ee Bal z'organiséieren: den "T'geet Riicht Virun". Dat wor allerdengs eng eemoleg Ugeleenheet gin an d'Joer drop konnten mir, nodeems d'Mängel selbstverständlech behuewen waren, nees op eis gewinnte Plaatz bei d'Hal plenneren.
Ab 2004 get zu Bettenduerf un enger neier Schoul gebaut an mir hun d'Geleenheet genotzt fir de Konzept vum Bal z'iwwerdenken an eisen Besicher eppes neies ze bidden. Dest Ennersträicht d'Flexilitéit an d'Weltoppenheet vun eisem Club.
Fir di 15. Editioun vun eisem Fräeschebal hu mer eis ee besonnegt éiergäizegt Ziel gestach an waarden mat ganzer 3 Orchestren op! Gummibären an der Hal, Orchester 590 am Zelt an eng Karaoke-Bar am klengen Zelt.

Sou as ët dann och nët verwonnerlich, daat Fuessamsdës Bettenduerf Treffpunkt vun iwer 2000 Fuesboken ginn ass.

Bäi sou engem grousse Fest sënn éis Membren während 3 oder souguer 4 Deeg hannereneen am Asaatz. Den Ärbichtsopwand as riesegrous, an ët gët heinsdo nët vill zë schlofen. Wann een dann awer gesäit, wéi gudd sich déi vill Leit amuséiren, da kann een trotzdem e bësse stolz op d'Ärbicht sën, déi geleescht gin as, an et vergëst een déi vill Klengigketen, déi trotz enger best méiglicher Organisatioun alt rëm eng Kéier nët sou richtig geklappt hun.



Säit 3 Jär gin mir dann och mam Club mat engem egenen Woon op der Dikricher, der Réimecher an der Mettendorfer (D) Cavalcade mat. Eis Themen, déi mir bis lo well haaten waren d' "Petrolskiis 2000 ... wéi wäit fueren mir nach ??? ", d' "PISA-Etude, Sin mir wiirklëch sou domm ? " an d' "Wirtschaftskriis zu Lëtzebuerg".

Cavalcade 2001 - Petrolskiis 2000 ... wéi wäit fueren mir nach ??? Cavalcade 2002 - PISA-Etude, Sin mir wiirklëch sou domm ?



Doniewt brénge mir awer och nach eng Fueszeitung op Fettendonneschten räus. Ziel an Zweck vun dëser Zeitung ass ët verschidde politisch a sozial Themen äus dem Duerfliewen opzegräifen, an op eng witzeg Ärt a Weis ze kommentéiren an awer och deelweis ze kritiséiren.


Wann d'Fréijoër da sou lues virun der Dir steet ass ët Zäit fir d'Holzstee. An Zesummen-ärbicht mat der Gemeng an dem Feeschter gët am Bësch d'Holz versteet. An natierlich suerge mir dann och dofir, daat keen hongrig oder duuschtrig heem geet.

Holzstee 1998

Och hei geet ët moies mat Zäite lass, well wann ee Mëttes z.B. e Fierkel wëll zerwéiren, muss ee fréi op sën.



An da wiere mir och scho bäim 1. Mee: daat as wuel den Daag am Jär, wou di meescht Membren sich drop freen.

Meekränz bastelen an ausféieren op 1. Mee

Moies fréi mat Zäite geet et lass; mir fueren an de Bësch fir d'Meekränz ze maachen. Déi eng hu sou fréi moies nach iwerhaapt keng Loscht fir Asatz ze weisen, während déi aner de schéinsten a gréisste Meekranz bastele wëllen.

Sou as et dann och nët verwonnerlich, daat mat groussem Äifer geschafft gët, fir henno mat dem schéinste Kranz do ze stoën.

E Meekranz richtig bannen as schon eng Konscht fir sëch. Heibäi duerfen nëmme Sträicher zesummegebonne gin an et as strengstens verbueden op onerlaabt Hëllefsmëttlen wéi Droot oder Schnouer zréckzegräifen.

Meekränz bastelen an ausféieren op 1. Mee

Tëschenduerch muss sich dann awer och alt mol gestierkt gin an dofir gët Kaffi gedronk soubal d'Meekränz färdig sën.

Duerno fänkt dann de lëstigen Deel vun engem laangen Daag un; um Unhänger geet ët rof an d'Duerf fir d'Kränz un déi Bettenduerfer Gemengevertrieder an un d'Wirtsléit ze verdeelen. Des Leit sën da meeschtens sou frëndlich éis eng Klengigkeet zum beschten ze gin. Et as dann och ganz normal, daat mir bäi dem engen oder aneren bësse méi laang hänke bleiwen a sou éisen Tour och alt mol méi laang dauert wéi geplangt. Nodems d'Meekränz alleguer äusgefouert sën, an wann d'Wieder nach ëmmer gudd ass, gi mir owes nach alleguer zesummen an d'Steekaul grillen.



Am Summer geht de Club des Jeunes an d'Vakanz; an da kann ee sëcher sën, dat ëmmer eng lass as. Déi Membren, déi d'Jär iwer gud geschaft hun, kënne vun enger Reductioun op de Reeskäschte profitéiren.

Palma (E), Teneriffa (E), Cap d'Agde (F), Rhodos (GR) an Siofok (H), Varna (BG),  daat sën nëmmen e puer vun dene Plaaze, wou mir schon hi wären. All zwee Jär kënnen d'Membren ofstëmmen, wou d'Rees soll higoën, sou daat keen ze kuerz kënnt. A wann och den en oder den aneren léiwer op eng aner Plaatz gefuer wier, sou hu mir éis dann awer nach an all Vakanz gudd ameséiert.

Rhodos 1998

Palma  2000

Siofok 2002


Meeschtens fuere mir natirlich op Plaatzen wou ee Mëttes kann op der Plage bäim Mier leien, oder den Daag iwer vun deene ville Sportméiglichketen profitéiren. Normalerweis léine mir éis och eng Kéier Autoen fir d'Géigend e bëssen ze erfuerschen. Et as natiirlich ganz wichtig, dat een owes eppes gebuede kritt, well mir fuere jo nët an d'Vakanz fir well um 8 Auer am Bett zë leien. A sou ass et dann och nët verwonnerlich, dat eng Partie vun eis no der Vakanz méi mid sën wéi virdrun an doheem nach e puer Deeg Erhuelung bräuchen, bis së rëm fit sën.



Vill Zäit fir sich ze erhuele bleiwt awer trotzdem nët, well d'Bettenduerfer Kulturkiirmes virun der Dir steht. Mat der Zäit hat d'Bettenduerfer Kiirmes lues awer sëcher ëmmer méi u Bedeitung verluer. Fir dem entgéint ze wierken, hat éisen Comité am Jär 1994 d'Iddi d'Kirmes am Duerf rëm nei opliewen ze loossen. Nom Virbild vu fréier, wou d'Kiirmes ee vun denen eenzigen Deeg am Jär wär, wou d'Familjen sich gesin hun, sollt d'Kiirmes sëch rëm zu engem richtige Volléksfest entwécklen. Haaptiddi wär et aal Taditiounen zesumme mat denemoderne Kiirmesspiller ze verbannen, an domadder Jonk an Al zesummen ze bréngen.

Den   offiziellen Logo vun der Bettenduerfer Kulturkiirmes

Natirlich sollt den kulturellen Aspekt och nët ze kuerz kommen. Et sin verschidden Konschtausstellungen organi-séiert gin, op denen suwuel national wéi och lokal bekannte Kënschtler respektiv Privat-persounen oder Kanner versicht hun hir Wierker dene Bettenduerfer Leit méi no ze brengen.

Heiniewt sën awer och nach verschidde Stroossekënschtler engagéiert gin, déi et gut verstan hun de Publikum op der Kirmesplaatz ze ënnerhalen. Sou ass et ze verstoen, dat aus der Kiirmes eng Kulturkiirmes gin ass.


Héichpunkten wären awer wuel niewt engem "Night-Glow" (e puer Wärmloftballonen, déi duerch den Duerfkär verdeelt wären, hun owes fir een onvergeeslicht Spektakel gesuergt) den Optrëtt vun engem Zauberer vun internationaler Klass ("Duo Magic Tornelli") den sich d'Éier gin huet zu Bettenduerf opzetrieden an den et wierklich verstanen huet d'Leit an d'Staunen ze versetzen, andems heen z.B. Gilletten ofgeschléckt huet fir se duerno, un enger Schnouer gestréckt, rëm räuszehuelen oder andems heen eng hypnotiséiert Fra aus dem Publikum mat plaakeche Féiss iwer Glasschieble laafe geloss huet. Eng weider Attraktioun war den international bekannten Verrenkungskënstler "Mousa Huit Huit", deen mat sengen bal onméiglechen Kierperbewegungen et souguer faerdeg bruecht huet, duerch eng Tennisrakkette ze klammen.

Den  "Duo Magic Tornelli" hun et verstanen d'Léit ze  ënnerhalen

"Prominenteschéissen" 1999

 

Den  international bekannten Verrenkungskënstler "Mousa Huit  Huit"


Fir dat eis Kulturkirmes awer och attraktiv bleiwt, muss een sëch ëmmer rëm eppes neies afale loossen, an dofir hu mir 1999 an och nees 2005, kuurz virun den Gemengewahlen éis "Duerfprominenz" bäim "Prominenteschéissen" e bëssen op d'Schëpp gehol. D'Bettenduerfer Léit kruten d'Gelegenheet, Tärten ze steen, an se duerno (äus wat fir engem Grond och ëmmer...) engem Gemengenvertrieder an d'Gesiicht ze geheien. Dobäi sën déi eng gudd, an déi aner awer och manner gudd wegkomm an ët haat ee Problemer fir së duerno rem ze erkennen. Den Erléis get un eng wohltäteg Organisatioun gespend, z.B. eng Breck mat Latäinamerika.

Zu engem festen Bestanddeel an eisem Kiirmesprogramm ass niewt dem Konter a Mitt-Tournoi den traditionellen Kiirmesbal mat Karaoke an der Scheier vum Café "Am Duerf" gin. Hei kann jiddereen weisen wéi gudd oder wéi schlecht en sangen kann.

Jiddereen därf weisen wéi gutt oder wéi schlecht en sangen kann   ...

Dëst dirft och een vun de Grënn sin, virwaat dësen Bal ënnert dem Numm "Quaks de! Bal" bekannt ass. Desen Bal ass ab 2005 op di aner Säit vun der Sauer op de Camping verluecht gin, wat sengem Succès awer keen Ofbroch bruecht huet.


D'Kiermes ass knaps verdaut, dann ass et säit November 2003 um Bambisbal deen all Joer weider wiisst an sech mettlerweil etabléiert huet bei de Leit. Eng Besonnegheet op desem Bal ass secher den Disney-Film vum Bambi deen während dem Owend projezéiert get. D'Philosophie vum Club des Jeunes ass et fir senge Besicher besse méi ze bidden wéi op soss gewéinlechen Baler. Originell Dekoratioun sou wi aussergewéinlech Coktailen mat Nimm wi zum Beispill "Bambi mat Bounen", sollen dozou bäidroen den Owend zu eppes besonnegem ze man. Äer Zefriddenheet ass eisen Loun. Coverbands wi Peenuts an Lifestyle sin hei well zu hierem Optrett komm.



Och nom Summer bleiwt de Club des Jeunes nach ëmmer ganz aktiv. An der leschter Woch vum November invitéire mir de Kleeschen mat sengen zwee Gesellen, dem Housécker an dem Engelchen, fir déi eeler Leit (iwer 75 Jär) äus dem Duerf besichen zë goen, am hinnen sou eng kleng Freed ze maachen. A well sie sëch jo dann och bal ëmmer geschéckt hun, kréie sie vum Kleeschen e klenge Cadeau; heiansdo awer och eng Rutt vum Housécker.

Den Kleeschen mat sengem Housecker, sengem Engelchen an sengem   Chauffeur um Tour

Meeschtens as de Respekt virun dem hellige Mann sou grouss, daat hen a seng Gesellen invitéiert gin, fir sich ë bëssen ze stierken a rëm opzewiermen. Et as och alt scho mol virkomm, dat ët dem Kleeschen dermosse gut gefall huet, dat heen méi laang bliwen ass, an den anere Moien huet misse méi laang äusrouen.

 

Et ass wierklich keng einfach Ärbicht fir hen a seng Gesellen, well sie iwer zwou Wochen am Asaatz sën an hiren Zäitplang anhalen mussen. Ma well de Kleeschen jo awer en opend Ouer fir all Mënsch huet, mëcht daat him natiirlich vill Spass an hen ass all Jär rëm gär derbäi.

Sylvester 2004 huet de Club des Jeunes Bettenduerf sech gemeinsam mat der Landjugend Dikrich enger neier Herausfuederung gestallt an zu Dikrich an der Seeerei ee groussen Bal organiséiert. Ziel war et de Jonken aus dem Norden eng Alternativ zur Ettelbrécker "Lescht Nuecht" ze bidden di di lescht Joeren mat onsozialen Präisser decken Benefice ragefuer hun. Obschons mir mat der Seeerei een Tromp haaten an gehofft hun mat eisen sozialen Präisser d'Leit unzéien, war daat ganzt Unterfahren ee grousse Risiko fir di zwee Cluben, dee bei engem Messerfolleg mat engem groussen finanziellen Verloscht verbonne gewiecht wier. De Succès war schlussendlech iwwerwältegend an d'Leit hun eis d'Bud agelaaf, woumat eis Arbecht bestätegt guff. Leider kruten mir d'Hal fir di folgend Joeren net mi zu Verfügung gestallt an lo profitéieren aner Veräiner vun eiser grousser Virarbecht. Op allefall denken mir haut nach gäeren un deen Owend, an wien wees, vläit kennt jo eng Kéier deen Daag wou di Dikricher Veräiner sech erneut der Bettenduerfer Iwwermuecht beuge mussen di um Kampf géint di sozial Ongerechtegkeet alles nidderwalzt.



Niewt all dësen Aktivitéiten ënnerhuele mir awer nach vill méi: mir maachen kleng Weekendäusflich vun en oder zwee Deeg, wéi zum Beispill eng Rees op Köln. Da gin ët nach verschidden Fräizäitparken, déi mir natirlich onbedingt eng Kéier hu musse gesinn hun (Europa Park, Center Parcs, Duinrell...).


Desweideren huele mir och nach u verschiddenen Rallyen Deel. Um wichtigste Rally vum Land,, nämlich dem Landjugenddaag, konnten mir eis als eenzegen Club des Jeunes iwwerhaapt, zweemol di éischt Plaatz ennert puer honnert Equippen beleen. D'Titelen vun 2004 an 2005 sollen awer keng Ausnahm bleiwen an eis Géigner sollen sech waarm undoen wann et dest Joer zu Hepperdang dremgeet wien dee kleversten, geschécktesten, schnellsten an stäerksten ass.

3. Plaaz um Landjugenddaag zu Fuhren 2000

Doniewt bedelegen mir eis regelméisseg un aneren Rallyen an Spiller ouni Grenzen, wéi z.B. "d'Higlandgames" op der Schanz oder dem Landjugend Summermeeting, an och op Nuetsrallyen gin mir un den Start.



Mä awer och op sportlichem Plang wesse mir ze iwerzeegen: Mat méi oder manner groussem Erfolleg hu mir eis z.B um Beach-Volleyball zu Reiduerf an zu Weller, un engem Indiaca-Tournoi zu Waldbëllig, um Seelzéien zu Angelsbierg/Schous, souwéi op verschiddenen Foussball- oder Streetball-Tournoien bedelegt. Doniewt ass et lo well zur Traditioun gin, dat mir all Jär e Foussballmatch géint den Club des Jeunes vun Ierpeldeng spillen.

Beach-Volleyball zu Weller 2002

Seelzéien zu Angelsbierg/Schous 2001

Foussballmatch géint den Club des Jeunes Ierpeldeng 2002

Säit desem Joer huet den Club des Jeunes eng nei Spart erobert: D'Welt vun de Computeren. Di éischt LAN-Party guff Ufank Januar 2006 am Häerenhaus ennert eisem Clubsall oofgehaal an konnt eng Dozen Memberen begeeschtren sou datt daat och an Zukunft ee Beräich wäert sin, wou de Club sech engagéiert.

Obwuel ët e vun éisen Haaptzieler as, éis an der Fräizäit einfach nëmmen ze amüséiren, sou setzen mir éis awer och fir d'Allgemengheet an. Emol am Jär sammle mir am ganzen Duerf aalt Gezei an, fir ët un déi Leit virun ze gin, déi ët am néidigste bräuchen. Wann an der Gemeng déi grouss Botz um Programm steht, da kann ee sëcher sën, daat de Club des Jeunes derbäi as. A mat eisen Donen hu mir well Organisatiounen wéi "Hëllef fir Kriibskrank Kanner", "Association pour le Spina Bifada a.s.b.l." oder "Fondation Autisme Luxembourg" souwéi "d'Eltereninitiative Hyperaktiv Kanner" ënnerstëtzt.

 



Zukunftsperspektiven vum Club des Jeunes

 

Wat d'Zukunft betrëfft, do menge mir, dat de Club sich nët all ze vill Suergen bräuch ze maachen. E grousse Virdeel as natierlich, daat ee bäi äis nët un en festen Zäitplang gebonnen as, wéi daat an anere Klib de Fall as. Wa mir eng Manifestatioun organiséiren, soll zwär all Member sou vill wéi méiglich hëllefen, mä soss gët awer nët op déi regelmässig Präsenzen gekuckt. A grad dës labber Atmosphär dréit derzou bäi, dat de Club des Jeunes praktisch nie e Manktum u Membren huet. Ët duerf een sich natiirlich nët all zë sëcher sën, dat daat ëmmer sou viru geht; hautzedaags hun d'Jugendlicher vill méi Alternativen fir hir Fräizäit ze gestalten an ët stinn hinnen dacks vill méi Méiglechkeeten, wéi z.B. en eegenen Auto, zur Verfügung, sou dat së nët méi sou vill op d'Hëllef vun aneren ugewisen sën, wéi daat fréier nach de Fall wär. Et gëlt also weiderhin dofir ze suergen, dat d'Jugend vum Duerf sou zesummen hält, wéi daat bis elo de Fall wär, well dann brauch een sich och keng Suergen em d'Iwerliewen vum Club ze maachen.

 

(Source: Ofgeännerten Text vum Gilles SCHROEDER & Florent PURAYE
aus dem Buch: Bettendorf - Gilsdorf - Moestroff 2000)

 
 
Joomla 1.5 Templates by Joomlashack