D'Fräschenzeitung (offiziell: d'Bettenduerfer Fräeschheeten) ass déi héisch Informativ Satirezeitung vum Club des Jeunes déi säit 1993, e mol am Joer, Mëttwochs virun der Fuesend, gratis am Duerf verdeelt gëtt. Mat exklusivem Insiderwëssen stëpple mir iwwert eis Lokal Prominenz, kloen iwwert d'Kueben vu Gilsbuerg, verbreeden Onwourechten um lafenden Band an erlaaben eis eben och divers Fräescheeten. Well d'Fräeschenzeitung ennert den "Informéierten"-Bettenduerfer Kultstatus ereecht huet, mee sech net jiddereen déi al Editiounen versuecht huet, oder Exil-Bettenduerfer keng Zeitungen ausgedro kréien, hu mir décidéiert sämtlech Fräeschenzeitungen als PDF online verfügbar ze stellen. Ab März 2010 kennt all Mount eng fréier Fräeschenzeitung online (Chronologesch: Ugefaang mat 1993) Ofschléissend gëllt nach emol e Merci un jiddereen deen iwwert déi verschidden Joer un der Zeitung matgeschafft huet, den Leit déi Humor gewissen hunn an natiirlech der Bettenduerfer Gemeng, déi eis all Joer den Drock finanzéiert. Vill Spaass beim liesen:
|